Äntwerten ob oft gestallten Froen:
- De Late Night Bus ass gratis fir matzefueren, et brauch een sech net unzemelden.
- Wann dir net secher sidd wéi een Arret um Fuerplang gemengt ass, kuckt ob d’Streck vu wou de Bus kennt a wouhin e weiderfiert, da misst kloer sinn wou de Bus logescherweis muss laanscht fueren.
- Op der Hifahrt ginn just déi Arrêten ugefuer déi um Fuerplang stinn. Op de Réckfahrten kann een op all offiziellem Arrêt (mat bloem Busscheld) deen op der Streck läit (also wann de Bus ouni Emwee laanscht fiert), eraus klammen.
- Wann de Bus bei der Hinfahrt méi wéi 20 min. Retard op engem Arrêt huet, kann een dervun ausgoen datt kuerzfristeg eppes tertescht komm ass (zB.: e Platten, Strooss kuerzfristeg blockéiert,…) an de Bus dowéinst net méi kennt. An sou Fäll gett awer trotzdem zumindest déi zweet Réckfahrt gefuer (mat allen Dierfer aus der jeweileger Streck).
- Wann dier an der Nuecht eppes am Bus verluer hutt (z.B. Handy) da meld iech w.e.g. direkt bei der Busfirma déi äre Bus gefuer ass.
- Wann owes eng gréisser schief goung oder eppes méi wéi eng Kéier net klappt, oder äert Duerf net regelméisseg ugefuer gett, da schreiwt eis dat op:
Late Night Bus asbl
B.P. 7
L-7501 MerschGidd am Bréif w.e.g. ären Telefon Nummer un, sou dat mir iech zréckruffen kennen fir dat zer beschwetzen.
- Aus organisatoreschen Grenn kennen d’Busfuerpläng wann se bis op der Bussäit sinn net méi ugepasst ginn. En Arret baisetzen z.B. geht also just eventuell fir déi nächste Kéier.