Bus Ufro

All Veräiner déi an de Bus Regiounen Atert, Mëllerdall, Musel, Nordspëtzt, Nordstad e Bal organiséiren kënnen de Late Night Bus fir hiere Bal ufroen. Studentebaler kënnen ugefuer ginn egal wou se am Land sinn.

Déi beschten Chancen fir dat äre Bal kann an de Late Night Bus Programm opgeholl ginn hut dir wann dir äre Bal bis zum 10. Juni (wann de Bal an de Méint August – Dezember ass) oder bis zum 10. November (wann de Bal an de Méint Januar – Juli ass) umellt.

Baler fir déi de Late Night Bus ausserhalb vun deenen Délaien ugefrot gëtt kënnen an Ausnahmefäll nach an de Late Night Bus Programm norécklen, falls z.B. nach genuch Reschtbudget do as.

De Late Night Bus fir e Bal kann just iwwert Bréif ugefrot ginn. Fir de Bus fir äre Bus unzefroen schreiwt eis also op:

Late Night Bus asbl
B.P. 7
L-7501 Mersch

Am Bréif mussen des Infoen sinn:

  • Numm vum Bal
  • Datum vum Bal
  • Duerf/Platz wou de Bal as
  • Numm a Post-Adresse vum Bal-Organisateur
  • Kontaktpersoun an Telefon Nummer vum Bal Organisateur

Wann mir är Ufro kritt hunn mellen mir eis iwwer Telefon fir all weider Detailer ze klären (z.B. falls Numm, Datum, Platz vum Bal nach änneren géingen oder nach net sëcher sinn).

De Bal-Organisateur muss am Normalfall näicht fir de Late Night Bus bezuelen.