Fuesend 2017

De Fuesfreieg a Fuessamschdeg sidd dir zu iwer 7000 mat de Late Night Busser matgefuer a sécher heem komm! MERCI fir äert Vertrauen an de Late Night Bus. Och eise Bus-Chauffeuren e grousse Merci. Insgesamt waren 42 Busser am Asaatz. Um Fräschebal sin etwa 75% vun de Leit déi um Bal waren mam Late Night Bus heem gefuer.

Sou eng grouss Bus-Organisatioun bleiwt awer ëmmer eng logistesch Erausfuerderung. Äert Vertrauen an de Bus encouragéiert eis déi Saachen déi dëst Joer nach net sou ideal waren, d’nächst Joer besser ze machen.