Reglement

D’Late Night Bus Atert, Mëllerdall, Nordspëtzt a Nordstad asbl. mecht d’Koordinatioun a folgenden Regiounen

  1. Nordstad (région centre-nord: Diekirch/Ettelbruck)
  2. Nordspëtzt (région nord: Clervaux/Wiltz)
  3. Atert (région ouest: Redange)
  4. Mëllerdall(région nord-est: Echternach/Grevenmacher)

Prinzip (voir aussi Règlement officiel)

D’Baler wou de Late Night Bus fiert gin 2 mol am Joer vun Jugendlechen erausgewielt.

Dofir mussen d’Baler jeweils

  • virun Enn Oktober fir d’Periode Januar-Juli
  • virun Enn Mee fir d’Periode August – Dezember

iwwert den Site ugemeld ginn.

Dir kritt per Post bestätegt op de Bal zréckbehalen gin ass an eng kleng Bedeeligung un de Käschten je no Gréisst vum Bal gett verlangt.

De Logo vun der jeweiliger Late Night Bus Regioun an de Link www.latenightbus.lu muss op d’Plakat, Virverkaafsticket, Reklamm asw. drop kommen.

D’Late Night Bus Benotzer kréien den Entrée zum Virverkaafspreis.

Et ass wichtig dat dës Prozedur agehaal gett, soss ass dës éierenamtlich Koordinatioun net méiglich !